Pit Schlechter “De Fléiepëlz“: Buchpräis-Gewënner 2022 presentéiert vum Luc Marteling, Kremart Edition

No enger kuerzer Virstellung vum Auteur vu Schous duerch de Luc Marteling huet de Pit Schlechter e Grapp Texter aus sengem priméierte Bestseller „De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis Pictus“ gelies. Dora mécht de Knouterwiichtel den Uz mat den Naupe vun de Leit a passt op, datt mat der Sprooch keng Schëndlouder gedriwwe gëtt. (Dat ënnersträicht jo well den Titel vu sengem Wierk.) Dës Stënnche voller Wuertspillereien a mat villen ënnerhalsame Momenter huet eis vill Freed gemat!