Iwwer eis

D’Lënster Bibliothéik, eng a.s.b.l., gouf 2007 gegrënnt.

Am Joer 2006 as e Grupp vu Bicherfrënn un d’Gemeng Jonglënster erugetrueden mat der Iddi eng a.s.b.l ze grënnen fir eng lokal Bibliothéik  anzeriichten. 

Si hun ugefangen Bicher ze sammelen vu Frënn, Famill a Noperen, grad wéi vu Leit di aus Lëtzebuerg fortplënnere wollten. 

D’Gemeng Jonglënster huet Raimlechkeeten am Gebei vun der Spillschoul „A Loupescht“ grad wéi Bicherregaler an e Computerprogramm fir Bibliothéiken zur Verfügung gestallt.  

Nodeems genug Bicher gesammelt gi waren, konnt d’Lënster Bibliothéik hier Dieren am Joër 2007 opman. 

2012 as d’Bibliothéik an de frësch renovéierten Kulturzentrum „ Am Duerf“ geplënnert. 

D‘Bicherspenden vu Memberen an regelméisseg Akeef vun neie Bicher hun et erlabt, dass d’Unzuel vu Bicher an der Bibliothéik stänneg gewues as a nach emmer wiist. 

Vun Zäit zu Zäit fannen Bicherliesungen vu lokalen Auteuren fir Kanner oder Erwuessener an der Bibliothéik statt.

Fräiwëlleger

Jiddwereen, deen an der Bibiothéik hëlleft, mecht dat ouni bezuelt ze gin. Den Erléis vun de Memberschaften a vun de Subsidien vun der Gemeng Jonglënster gett geholl fir nei Bicher ze kafen.