Matten am Centre Culturel "am Duerf" zu Jonglënster bitt d'Lënster Bibliothéik a.s.b.l. eng Auswiel vu Bicher op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an souguer eng mi kleng Auswiel op Englesch a Schwedesch.

Mellt Iech un fir eng Memberschaft an Dir sidd häerzlech wëllkomm an der Welt vun de Bicher zu Jonglënster.


Ëffnungszäiten

Centre Culturel
"Am Duerf”
8 rue de Village
L-6140 Junglinster

Dënschdeg
16.00-18.00

Samschdeg
10.00-12.00


…e Raum, wou Dir déi neiste Bicher vu bekannten Auteure fannt an och déi verstoppte Pärelen, vun deenen Dir net wosst, datt se existéieren.

Fir sécherzestellen datt eis Titelen aktualiséiert bleiwen, kafe mir reegelméisseg nei Bicher.

Eng Bibliothéik ass e Raum fir Bicherfrënn…

Mir hu Regaler mat de Bicher, déi eise Lieser am beschte gefalen an déi si anere Lieser gär recommandéiere géifen. Sicht de Sticker mam rouden Häerz!

Wann Dir déi nächst Kéier nees an d’Bibliothéik kommt, da kuckt e bëssen. Vläicht fannt Dir jo e Buch, vun deem Dir net wousst, datt Dir et liese wollt.

Liblingsbuch