Dateschutzpolitik

Lënster Bibliothéik s'engage à protéger vos données personnelles. Notre politique de confidentialité contient des informations importantes sur les données personnelles que nous collectons, sur ce que nous faisons de ces informations, sur les personnes avec lesquelles nous pouvons les partager et pourquoi, ainsi que sur vos choix et vos droits en ce qui concerne les informations personnelles que vous nous avez fournies.

WAT VERSTEET EEN ËNNER PERSÉINLECHEN DATEN/DONNÉEËN?

Perséinlech Donnéeë sinn all Informatiounen, déi dofir genotzt kënne ginn, Är Identitéit erauszefannen. Dorënner falen Informatioune wéi Ären Numm, Är E-Mail-Adress oder Är Telefonsnummer grad wéi all anerer perséinlech Daten, déi Dir eis zur Verfügung gestallt hutt. 

FINANZIELL TRANSAKTIOUNEN

D’Lënster Bibliothéik ass als a.s.b.l. zu Lëtzebuerg agedroen. No lëtzebuergeschem Recht si mir verflicht, Finanzënnerlagen, aus deenen all Bezuelunge vun eise Vertragspartner un eis ervir ginn, zéng Joer laang ze halen. Dës Informatioune gi getrennt vun Äre perséinlechen Donnéeë versuergt. Mir wäerten dës Daten ni benotzen, fir mat Iech a Kontakt ze trieden, ausser wann et em Är Bezuelunge geet.

ÄR MEMBERSCHAFT

Wa mir di éischte Kéier mat Iech a Bezéiung trieden am Hibléck op eng individuell oder Familljen- Memberschaft, däerfe mer Iech froen, eis Ären Numm, Är Adress, Telefonsnummer an E-Mail-Adress matzedeelen. Mir versuergen dës Informatioune fir eis Memberskartei ze féieren.

Dës Informatioune ginn nëmme gespäichert fir eis Bezéiung oprecht ze erhalen a fir dass mir eis Déngschtleeschtungen sou gutt wéi méiglech ausféiere kënnen. Dir kënnt dës Informatioounen zu jiddwer zäit zréckzéien, andeems der eis ënnert moien@lensterbibliotheik.lu kontaktéiert, a mir wäerten se dann direkt aus eiser Datebank eraushuelen.

DÉNGSCHTLEESCHTER

Mir kënnen Drëttunternehmer oder Eenzelpersounen domat beoptragen, eise Service ze erliichteren an/oder ze iwwerwaachen, eng Déngschtleeschtung an eisem Numm ze erbréngen, eng Déngschtleeschtung an Zesummenhang mat Iech ze erbréngen. Drëtt Persounen, déi als Dateveraarbechter Date kréien, ënnerleien och den Dateschutzbestëmmungen an de vertraglech gereegelte Geheimhaltungsflichten. Mir kënne verflicht sinn, Donnéeën u Geriichter, Administratiounen oder aner staatlech Servicer weider ze ginn. Anerwäerts gi mir är Daten net un Drëtt Persoune weider. Mir verkafen Är Daten net un Drëtt Persounen. 

LINKS ZU ANERE WEBSÄITEN

Eis Website ka Links zu anere Websäiten enthalen. Mir hu keen Afloss drop, wat d’Anhale vun den Dateschutzbestëmmungen duerch d’Bedreiwer vun dëse Websäiten ugeet.

COOKIEN, IP-ADRESSEN ASW.

Cookie sinn hautzedaags noutwenneg, wann een eng Websäit bedreift, well eng Rei dovun sinn néideg, fir sécherstellen, dass eng Websäit an Ärem Browser funktionéiert. An eng IP-Adress erméiglecht et all Visiteur vun der Website ze fannen.

Mir hu keen Interessi drun, erauszefanne wien Dir sidd an Iech mat Noriichten oder Publicitéit zouzespammen. Awer wéi déi meescht vun eis, si mir virwëtzeg ze gesinn, wéi vill Leit eis Websäit besichen a wat do fir si am interessantsten ze liesen ass. 

ZERÉCKHUELEN VUN DER ZOUSTËMMUNG ÄR DATEN ZE SPÄICHEREN

Dir kënnt Är Zoustëmmung Är Daten ze späicheren zu all Moment widderruffen. Är Donnéeë ginn dann direkt geläscht, ausser si si gesetzlech virgeschriwwen oder wa mir se nach brauche fir eis Ofrechnung oder Comptabilitéit oder soubal dës Zwecker erfëllt sinn.

Wann Dir weider Froen zu dëser Dateschutzerklärung oder zum Dateschutz hutt, wann Dir wësse wëllt wéi eng Date mir vun Iech gespäichert hunn, oder wann Dir Date wëllt läsche loossen, da went ieach wannechgelift un: moien@lensterbibliotheik.lu

ENG DOLEANCE AREECHEN 

Mir hoffen, dass Dir ni e Grond wäert hunn, fir eng Doleance géintiwwer der Lënster Bibliothéik oder iwwer déi vun eis iwwert Iech gespäichert Donnéeën. Soll dat awer mol de Fall sinn, da went Iech wannechgelift un  moien@lensterbibliotheik.lu, fir datt mir mat Iech zesummen eng Léisung kënne fannen.

Dir hutt d’Recht eng Plainte anzereeche bei folgender Administratioun: www.cnpd.public.lu/en.html