Allgemeng Geschäftsbedéngungen

Allgemeng Geschäftsbedéngungen

Duerch d'Ukräize vun der Case “Ech hunn di allgemeng Geschäftsbedéngunge gelies a sinn domat averstan“ um Aschreiwformular, bestätegt de Member dat hien di allgemeng Geschäftsbedéngunge vun der Lënster Bibliothéik a.s.b.l. hei ënnendrënner, gelies huet an domat averstan ass.

  • D’Memberschaft ass fir 12 Méint gëlteg

  • All Member däerf 4 Bicher pro Visitt a pro Persoun ausléinen.

  • All Member ass responsabel fir seng Handlungen an der Bibliothéik an haftbar fir all Schued, den duerch hien entsteet.

  • Fir all ausgeléinte Medium, wat net zréckbruecht gëtt oder wat beschiedegt ginn ass, behält sech d’Lënster Bibliothéik d’Recht vir, eng Entschiedegungsgebür vu momentan 10€ ze froen.

  • Duerch d’Ukräize vun der Case “Ech hunn di allgemeng Geschäftsbedéngunge gelies a sinn domat averstan“ um Aschreiwformular erlaabt de Member och, dass seng Donnéeën am Computersystem vun der Lënster Bibliothéik a.s.b.l.  oder fir d’Opstelle vu Statistike gespäichert a geholl ginn, wéi beschriwwen an der “Dateschutzpolitik“ . Dës Donnéeë ginn nëmme vun de Mataarbechter aus der Bibliothéik genotzt a ginn net un drëtt Persoune weider ginn.

  • De Notzer vun der Bibliothéik huet d’Recht seng Donnéeën, déi d’Lënster Bibliothéik gespäichert huet, ze iwwerpréiwen, se ze änneren oder se ze läschen, wann se net konform mam Gesetz vum 01.08.2018 zum Schutz vun de perséinlechen Donnéeë sinn.